arrow_back_ios
Commentaire
Onglécklech Krisekommunikatioun
D'Corona-Epidemie huet sech déi lescht Deeg zu Lëtzebuerg méi rasant verbreet, wéi nach virun enger Woch vun der Regierung ugeholl. De Regierungsrot diskutéiert eisen Informatiounen no de Moien iwwer nei Mesuren, de Mëtteg soll eng Pressekonferenz sinn. D'Experiment fir nei Restriktiounen duerch en Appell un d'Eegeverantwortung ze ersetzen ass no nëmmen enger Woch gescheitert, ënnert anerem well d'Regierung sech net gutt ugeluecht huet, mengt de Jean-Claude Franck an engem Kommentar.