Et ass e Film, wéinst deem scho Generatioune vu Kanner gekrasch hunn: "Dumbo" vu Walt Disney. Haut viru genee 79 Joer war zu New York d'Avant-Première vum Animatiounsfilm iwwer dee klengen Elefant mat de groussen Oueren. Et ass dee véierten Animatiounsfilm aus dem Haus Disney, no "Schneewitchen", "Pinocchio" a "Fantasia".
De Film baséiert op engem Kannerbuch vun der Autorin Helen Aberson-Mayer, dat de Chef vu Fan-Artikele bei Walt Disney, enges Dages am Joer 1939 sengem Chef, dem Här Disney, matbruecht huet. Dësen huet d'Geschicht vum traurege klengen Elefant direkt gutt fonnt. De Film war déi perfekt Méiglechkeet fir déi finanziell Pertë wéinst "Fantasia" a "Pinocchio" ze iwwerbrécken. Déi zwee Filmer goungen nämlech net vill Leit kucken, well d'USA sech grad op hiren Antrëtt an den Zweete Weltkrich virbereet hunn. Dofir krut d'Crew, déi um Film geschafft huet, och den Uerder vu ganz uewen d'Käschten esou niddreg ze hale wéi méiglech.
An den "Dumbo" sollt dee finanziell-erfollegräichsten Disney-Film aus de 40er Jore ginn. Allerdéngs gëtt, wann een haut de Film op der Streaming-Plattform "Disney Plus" kuckt, eng Warnung ageblennt, an där drop higewise gëtt, datt hei falsch Stereotyppen ze gesi sinn, déi deemools net an der Rei waren, an haut och net.