Haut virun 141 Joer huet dee renomméierten amerikaneschen Erfinder Thomas Edison de Patent fir eng Erfindung deposéiert, déi quasi all Mënsch am Alldag benotzt: d'Luuchte-Bier, oder einfach: d'Bier. Den 21. Oktober 1879 war dat. Eréischt ee Joer méi fréi hat den Edison ugefaangen un engem System vun enger elektrescher Beliichtung ze schaffen, hie wollt eppes erausbréngen, dat mat Gas an Ueleg-Beliichtung mathale kéint. Finanziell Ënnerstëtzung krut hien dobäi vum Banquier J.P. Morgan an der räicher Vanderbilt Famill. Dobäi huet den Thomas Edison sech op viregt Entwërf fir Luuchte-Biere vun aneren Erfinder baséiert, déi awer nach ze vill Feeler haten an et dowéinst kee kommerziellen Duerchbroch gouf. Entweder hunn dës Bieren net laang genuch funktionéiert oder si hunn vill ze vill Stroum gebraucht.
Eng aner Erausfuerderung war e passend Material ze fannen, mat deem de Liichtfuedem an der Bier hiergestallt sollt ginn, also deem Deel, dee Luucht mécht. An den Edison sollt am Laf vu sengen Aarbechten déi richteg Kombinatioun fannen: Kotteng, kleng Holzspéin a Pabeier.
E puer Méint drop, am Dezember 1879, war dunn déi éischt ëffentlech Demonstratioun vu senger neier Luuchten-Bier. Am Public war och de President vun enger Rees-Firma, an dësen Här war faszinéiert vun deem, wat hie gesinn huet. Hien huet dem Erfinder den Optrag ginn, dës nei elektresch Bieren a sengem neien Damp-Schëff ze installéieren. Et war dat déi alleréischt kommerziell Utilisatioun vun der Bier. Dat éischt Gebai, an deem dem Edison seng Bieren installéiert goufen, war awer net an den USA, mee an engem Theater zu Brno an der haiteger tschechescher Republik.