arrow_back_ios
Aktuelles
Däitschland léisst Rietsextremismus bei der Police ënnersichen
Ob bei der Police an Hessen oder an Nordrhein-Westfalen, oder bei der däitscher Arméi. An de leschte Jore goufen eng ganz Rei Fäll vu Rietsextremismus an den däitsche Sécherheetsautoritéiten ëffentlech. Trotzdeem wollt den Inneminister Horst Seehofer "seng" Police laang net op rietsextrem Tendenzen ënnersiche loossen. Dat kéint sech awer geschwënn änneren, erkläert eisen Däitschland-Korrespondent Matthias Kirsch.