arrow_back_ios
Aktuelles
Däitschland an déi gemeinsam Corona-Linn
Fir d'eischte Kéier zanter Abrëll gëtt et an Däitschland nees iwwer 5.000 Corona-Infektiounen an engem Dag. D'Politik muss reagéieren - mee d'Bundeslänner si sech net eens. Haut kommen d'Ministerpresidenten aus de Länner nees mat der Kanzlerin zesummen. Am Fokus steet besonnesch eng Corona-Mesure, déi an de leschten Deeg fir mächteg Opreegung an Däitschland gesuergt huet. Detailer vun eisem Däitschland-Korrespondent Matthias Kirsch.