Aktuelles
De psycheschen Impakt vum Confinement
Wéi staark hunn d'Confinements-Mesüren d'Leit matgeholl a belaascht? Där Fro si Fuerscher vun der Uni Lëtzebuerg amgaang nozegoen, am Kader vun enger Etude bei där Leit aus sechs verschiddene Länner e puer Mol (an Ofstänn) befrot ginn ... Länner, an deenen d'Restriktioune ganz ënnerschiddlech ausgefall waren - vu ganz streng (Spuenien, Italien, oder och Frankräich) bis zimlech labber (Schweden) oder och iergendwou dertëscht (Lëtzebuerg an Däitschland). D'Etude gett geleet vum Claus Vögele, hien Professer fir Psychologie a Psychotherapie op der uni.lu. De Maurice Molitor huet sech mat him ënnerhal.