arrow_back_ios
Aktuelles
Biergermedien: vill Kredibilitéit, wéineg Moyenen
De Lëtzebuerger Radio Ara kämpft ëm d'Iwwerliewen - an ass domat net eleng an Europa: déi sougenannt Bierger- oder Community Medien hunn et op ville Plaze schwéier, well finanziell Mëttele feelen, seet d'Birgitte Jallov, Presidentin vum Daachverband vun de Community Medien an Europa, kuerz CMFE. Besonnesch d'Covid-Pandemie hätt gewisen, wéi ufälleg Medie wäit ewech vum Mainstream sinn . Dobäi wiere grad si fir ganz vill Leit den eenzegen Accès zu Informatioun - an eng Source vu Glafwierdegkeet. D'Christiane Kleer mat Detailer.