Mat enger hallwer Dosen Orchesteren ass London musikalesch beschtens ausstafféiert. Fir déi eenzel Ensemblen heescht dat allerdéngs, hir Plaz an der Museksmetropol ze fannen an ze behaapten. E vun dësen Orchesteren ass London Philharmonic Orchestra, deen op den Dag, de 7. Oktober 1932, säin alleréischte Concert gespillt huet. Grënner vum Orchester war den engleschen Dirigent Thomas Beecham.
arrow_back_ios