Aktuelles
Trounwiessel haut virun 20 Joer
Haut virun 20 Joer war den Dag vum Trounwiessel: de Grand-Duc Jean huet no 36 Joer als Staatschef ofgedankt, a säi Fils Henri gouf de 7. Oktober 2000 als neie Grand-Duc vereedegt.
De Grand-Duc Henri féiert Lëtzebuerg als Staatschef an dat 21. Joerhonnert, hat et deemools geheescht. Zwee Joerzéngte méi spéit, schafft d'Regierung un enger Reform vun der Monarchie: mam geplangten Arrêté grand-ducal soll de Fonctionnement vum Haff nei organiséiert ginn. Recommandatiounen aus dem Waringo-Rapport ginn ëmgesat. D'Institutioun soll méi modern an transparent gemaach ginn, gouf ugekënnegt. Een "anere Stil" war och schonn am Joer 2000 beim Trounwiessel an Aussicht gestallt ginn.