De 6. Oktober trëtt de Concertsorganist Jean-Baptiste Robin zesumme mam Trompettist David Guerrier beim internationalen Uergelfestival zu Diddeleng op. Um Programm steet eng Rees duerch d'Zäit vum 17. Joerhonnert bis an d'Géigewaart. De Luc Boentges huet mam Jean-Baptiste Robin iwwer de Programm an och d'Instrument zu Diddeleng geschwat.
arrow_back_ios