Klassik aktuell
Déi ganz Bandbreet vu musikalescher Kreatioun
30.000 Komponisten aus 26 Länner sinn an der European Composer and Songwriter Alliance ageschriwwen - et ass den europäesche Pendant vun der Lëtzebuerger FLAC - der Fédération luxembourgeoise des auteurs et compositeurs.Eng vun den Initiativen si reegelméisseg Concerten, an deenen déi ganz Palette vun der aktueller musikalescher Kreativitéit presentéiert gëtt. Déi 15. Editioun vun dësem Concert ass muer den Owend (6.10.2020) an der Philharmonie. Den Ensemble Lucilin spillt Wierker vu 6 Komponisten - dorënner "Accumulation II" vum Roland Wiltgen.