arrow_back_ios
Aktuelles
Tauchvakanz viru militärescher Kuliss
Et gi Plazen, do kann een de Gas-Sträit tëscht der Tierkei a Griicheland bal upaken. Tëscht der tierkescher Vakanzen-Destinatioun Kas an der griichescher Insel Kastelorizo sinn et knapps zwee Kilometer. D'Militär vu béide Länner weist do um Mier Präsenz. Dotëscht ass den tierkeschen Tauch-Proff Yusuf Sule-Koglu mat senge Gäscht op engem Schëff ënnerwee. Eng Korrespondenz aus der Tierkei vum Karin Senz.