Aktuelles
Trump vs Biden: Éischt Tëleesdebatt
Fënnëf Wochen virun der Presidentschaftswahl an den USA, hunn de President Donald Trump a sain Erausfuederer Joe Biden sech am eischten Teleesdebat en hëtzegen Echange geliwwert.
Si sinn hënt ënnert anerem bei der Diskussioun iwwer Covid-Pandemie unenee geroden - den Donald Trump huet hei betount et géif geschwen e Vaccin fonnt ginn, während den Joe Biden hien als Liggener bezeechent huet:
Während der ganzer Debatt vun anerhalwer Stonn, si Biden an Trump sech hënt ëmmer nees an d'Wuert gefall. Dobäi koum et och zu ville perséinlechen Attacken: Zum Beispill, wéi den Joe Biden ernimmt huet, datt säi Jong Bo Biden, den 2015 gestuerwen ass, fir d'Arméi am Irak am Asaz war. Den Donald Trump huet doropshin en anere vum Biden senge Jongen attackéiert, den Hunter Biden. Hei den Echange:
Analysten beschreiwen den Debat als "chaotesch", a gesi kee kloere Gewënner vun dësem eischten Echange.
Et sinn nach zwee weider Teleesdebaten am Virfeld vun de Wahle geplangt.