Aktuelles
"Vogelstraußpolitik": Kritik vum Mouvement Ecologique
De Mouvement Ecologique geheit der Politik een inkonsequent Handele beim Theema Ëmwelt- a Klimaschutz vir. Fir d'politesch Rentrée huet d'Ëmweltassociatioun gëschter kritiséiert, datt de Klimaschutz net genuch Plaz an der Legislatioun fanne géif, a Lëtzebuerg eng ontransparent Wirtschaftspolitik géif féieren. Rezent Beispiller wären d'Dossieren Fage, Google a Knauf, wou sech gewisen hätt, datt et onkloer ass, wéi ee Wee d'Wirtschaftspolitik zu Lëtzebuerg aschloen soll.
D'Presidentin Blanche Weber mengt, datt sech formell vill virgeholl gëtt, wichteg Initiativen hin zu enger nohalteger Wirtschaft géifen awer net verfollegt ginn. De Cyrille Hill mat weideren Detailer.