Commentaire
Fage: "Endlech aus de Feeler léieren"
D'Nouvelle koum gëschter iwwerraschend: Fage léisst seng Pläng fale fir tëschent Beetebuerg an Diddeleng eng grouss Jugurtsfabrick fir den europäesche Marché ze bauen. De Projet war nach an der Autorisatiounsprozedur. Viru véier Joer hat de fréiere Wirtschaftsminister Etienne Schneider d'Pläng zesumme mat de Responsabele vum griichesche Konzern annoncéiert. Wann e Projet no esou laanger Zäit scheitert, ass dat schlecht fir de Standuert Lëtzebuerg, mee et ginn trotzdeem net déi richteg Lektiounen doraus gezunn, mengt de Jean-Claude Franck an engem Kommentar