Aktuelles
Belsch: Zweet Period vun dräi Méint Spezialmuecht ofgelaf
An der Belsch hätt dësen Donneschdeg d'Premierministerin Sophie Wilmès eigentlech missen d'Vertraue vum Parlament fir hir minoritär Regierung froen. Effektiv ass de 17. September déi zweet Period vun dräi Méint Spezialmuecht ofgelaf, déi d'Parlament wärend der Kris vum Coronoavirus accordéiert hat. Allerdéngs huet d'Cheffin vun der Regierung nëmmen eng Verlängerung bis den 1. Oktober ugefrot, well d'Koalitiounsverhandlungen fir déi éischte Kéier zanter de Walen am Mee 2019 konkret Chancen hunn.
Detailer vum Georges Kohnen, eisem Korrespondent an der Belsch.