De 17. September 1787, also haut viru genee 233 Joer, hunn d'Leadere vun der Federatioun vun amerikanesche Staaten zu Philadelphia eng eege Verfassung ënnerschriwwen, déi an all de Staate gëlle sollt. An domat war de Wee och fräi fir deen éischte President vun deem neie Land vun den Vereenegte Staate vun Amerika, den George Washington. Mee d'Verfassung war e Meilestee fir déi nach jonk Demokratie, well zanter der Onofhängegkeet vu Groussbritannien hunn déi 13 eegestänneg amerikanesch Staaten, um juristeschen a legislative Plang, jiddwereen a sengem Eck, hir eegen Zopp gekacht ... domadder koum déi jonk Natioun net vum Fleck, scho guer net um diplomatesche Plang mat aneren, etabléierten Natiounen. Also huet missten eng Verfassung hier. An déi gouf no der Ënnerschrëft de 17. September 1787 och no an no vun deenen 13 Staate ratifizéiert, dee leschte war 1790 de Bundesstaat Rhode Island.
arrow_back_ios