arrow_back_ios
Aktuelles
Éisträichesch Gréng tëschent Koalitiounsräson a Grondwäerter
Déi zwou Regierungsparteien gi sech net eens an der Fro, ob d'Land soll Mënschen aus dem ofgebrannte Flüchtlingslager Moria ophuelen. Déi konservativ ÖVP vum Bundeskanzler Sebastian Kurz ass géint esou e Schratt a wëllt amplaz Hëllef a Griichenland schécken. De grénge Koalitiounspartner ass fir d'Opnam vu Flüchtlingen, konnt sech bis ewell awer net domat duerchsetzten a muss sech dofir elo vis-à-vis vun der eegener Basis rechtfertegen. Eng Korrespondenz vum Stephan Polet.