arrow_back_ios
Aktuelles
"Mir louche mat de villen Tester net esou falsch"
Wéinst de ville Corona-Tester déi lescht Méint hätt ee méi fréi erausfonnt, wéi de Virus sech verbreet, soten d'Gesondheetsministerin Paulette Lenert an de Fuerschungsminister Claude Meisch gëschter virun der Press.
An der éischter Phas vum Large-Scale-Testing goufen an de leschten dräi Méint 1,5 Milliounen Invitatioune fir gratis Tester verschéckt.
Déi zweet Phas fänkt muer un: Wärend sechs Méint kënnen da fir e Käschtepunkt vu ronn 60 Milliounen Euro bis zu 53.000 Tester d'Woch realiséiert ginn.