Aktuelles
D'Fedil fuerdert Amendementer um Klimagesetz
D'Diskussioun, wéi een d'Klimaziler erreecht, wier der Fedil no nach net eriwwer. No Kriticke vum Staatsrot huet d'Regierung den Text vum Klimagesetz staark amendéiert. D'Regierung misst sech dem Direkter vun der Industrielle-Federatioun déi néideg budgetär Moyene gi fir d'Ziler ze erreechen. Dobäi misst d'Regierung och déi finanziell Situatioun vum Land am A behalen, seet de René Winkin. D'Ausschaffe vum Text wier an enger finanziell relativ gudder Zäit geschitt. Dat hätt sech elo geännert. De Projet de loi géif éischter eng Gouvernance an eng Organisatioun beschreiwen, wéi déi konkret Ëmsetzung. Explikatioune vum Maxi Pesch