Aktuelles
Staarke Réckgang vun der Biodiversitéit zu Lëtzebuerg
Zu Lëtzebuerg sinn zwee Drëttel vun de Liewensraim an engem schlechten Zoustand, dréi Véierel vun den Déierenaarte riskéieren auszestierwen, an souguer ee Véierel vun de Vullenaarten ass staark menacéiert oder schonn ausgestuerwen. Dat geet aus dem Rapport vum Observatoire de l'Environnement Naturel ervir.
Schold um Réckgang vun der Biodiversitéit wiere virun allem d'Produktiounsmethoden an der Landwirtschaft an d'Urbaniséierung, Den Observatoire de l'Environnement Naturel schléit Alarm wéinst dem Réckgang vun der Biodiversitéit hei am Land. Et misst een déi nohalteg Entwécklung onbedéngt als Prioritéit gesinn, esou d'Fuerderung vum Observatoire.
Detailer vum Isabel Scott