Aktuelles
Wéi sollen d'Impfstoffer géint Covid zu Lëtzebuerg verdeelt ginn?
De brittesche Medikamentenhiersteller AstraZeneka huet hënt decidéiert, déi klinesch Tester vu sengem Corona-Impfstoff bis op Weideres ze stoppen, well eng vun den Testpersoune krank ginn ass. D'Prozedur, fir den Impfstoff zouzeloossen, soll doduerch awer net an d'Längt gezu ginn, esou Astrazeneka.
Dee Vaccin soll fir den europäesche Marché produzéiert ginn an och zu Lëtzebuerg disponibel sinn. Et ass den Ament schwéier virauszegesinn, bis wéini dat de Fall ass. An et ass nach net kloer, no wéi enge Krittären den Impfstoff zu Lëtzebuerg soll verdeelt ginn.
Hannergrënn vum Danièle Weber