Aktuelles
Eng Serie mat der Ëmweltberodung Lëtzebuerg (EBL) - Grénge Web 8/8
Eleng fir Lëtzebuerg generéieren déi digital Technologien tëschent 9-16 Tonnen CO2 pro Stonn.
Den Internet, an domadder déi respektiv Digitaliséierung an d'Benotze vun den Daten, kënnen eng wichteg Roll am Kampf géint den Klimawandel spillen. Allerdéngs muss och den Internet onbedéngt méi ekologesch ginn, fir datt déi negativ Impakter net op eemol iwwerweien an dëse selwer zum groussen Problem gëtt.
De World Wide Web ass net reng virtuell mee huet een direkt materiellen Impakt op eis Welt.
Dëser Problematik wëllt sech de Projet "Grénge Web" unhuelen. Zesumme mat de Beroder vun der Ëmweltberodung Lëtzebuerg EBL schwätzt d'Angie Maquil iwwer dës Problematik. D'Beroder vun der Ëmweltberodung Lëtzebuerg, déi dës Serie mat realiséiert hunn, sinn: Michel Wilwert, Nils Leches, Marianne Kolmesch a Gil Kirchen.
Informatiounen iwwer d'Aarbecht vun der Ëmweltberodung Lëtzebuerg fannt Dir um Site www.ebl.lu.
Invité am leschten Deel ass de Wilwert Michel vun der Ëmweltberodung Lëtzebuerg.
https://grengeweb.lu/