arrow_back_ios
Aktuelles
CSSF: Et ginn nach ze vill Banken zu Lëtzebuerg
De Claude Marx, Direkter vun der CSSF, der Iwwerwachungskommissioun vum Finanzsecteur, seet am Rapport annuel, datt et nach ze vill Banken a Gérants de fortune gëtt, an datt déi wäerte verschwannen. D'CSSF verëffentlecht och nei Donnéeën iwwer Immobilieprêten. Deemno léint een Drëttel vun de Clienten iwwer 90 Prozent vum Akafspräis vun hirer Wunneng. D'Michèle Sinner mat Detailer.