arrow_back_ios
Aktuelles
Mir ginn Äppel rafen
Déi éischt Äppel fänken am Juli u vun de Beem ze falen. Vill Leit froe sech, op si se da scho plécke mussen oder wéini deê richtege Moment ass? Op wat muss ee beim Plécken oppassen? Halen d'Äppel sech a wéi versuergt ee se richteg fir och nach am Wanter eppes dervun ze hunn?
An engem Joer wéi 2020, wou d'Beem enorm vill Friichten droen, sinn dat Froen, déi d'Klenggäertner beschäftegen. De Joël Adam vun der Liga Gaart an Heem informéiert.