Aktuelles
Summerschoul: "E ganze Koup u Schüler nach net erreecht"
Eng 6.000 Schüler hu sech am Kader vum Projet Summerschoul 2020 fir déi nei Cours de Rattrapagen ugemellt. Eng 80 Prozent heivu si Schüler aus dem Enseignement Fondamental, déi deemno fir d'éischte Kéier vun esou enger Offer kënne profitéieren. D'Zil vun de Nohëllefcourse wier et, déi Lacunnen opzeschaffen, déi duerch de Confinement entstane sinn, esou den Educatiounsminister rezent op enger Pressekonferenz.
Mee wéi leeft dat Ganzt of, a wat soen d'Schüler zu de Nohëllefcoursen? D'Rahel Könen war fir eis an eng Grondschoul kucken.