arrow_back_ios
Aktuelles
Groussbritannien: Grouss Verméige ginn eventuell méi besteiert
Eng Rekord-Rezessioun an e risegen Defizit: D'Britten, déi scho virun der Kris net ganz iwwerzeegt waren et aus der Austeritéitsperiod gepackt ze hunn - och wann hir Regierung dat ëmmer nees widderholl huet - wëllen elo op kee Fall nees op dee Mechanismus zeréckgräifen. Zéng Joer nodeems den David Cameron en Austeritéits-Plang lancéiert huet hëlt den Appetit an der brittescher Populatioun ëmmer méi zou fir déi grouss Fortunë méi héich ze besteieren.