Aktuelles
Brexit: CSSF preparéiert op bilateral Verhandlunge fir Finanzsecteur
Wann d'EU-Kommissioun a Groussbritannie sech bis Enn des Joers net eens ginn iwwer Equivalenze fir Finanzdéngschtleeschtungen, muss de Regulateur CSSF e bilateralen Accord mat de britteschen Autoritéite fannen. Si ass fir dee Fall preparéiert an huet d'Instrumenter en place fir ze analyséieren, ob déi brittesch Gesetzeslag a Supervisioun där Lëtzebuerger entspriechen, confirméiert d'CSSF op Nofro. D'CSSF huet esou bilateral Accorde mat de Regulateure vun den USA, Kanada, Hongkong, Singapur, Japan an der Schwäiz.
D'Michèle Sinner mat weideren Detailer.