arrow_back_ios
Aktuelles
Brexit: Bis ewell em déi 1000 nei Plazen am Finanzsecteur
Bis ewell sinn op der Lëtzebuerger Finanzplaz eng 1.000 bis 1.200 Aarbechtsplazen entstanen, well Entreprisen wéinst dem Brexit Aktivitéiten hei hinn verlagert hunn. Dat seet den CEO vun Luxembourg for Finance Nicolas Mackel op Nofro. Nach wieren net all Relocalisatiounen komplett duerchgezunn, well d'Transitiounsphas nach bis Ënn des Joers geet. Par rapport zur normaler Aarbechtsplazcreatioun am Finanzsecteur mat sengen 51.000 Beschäftegten géif een dat net besonnesch mierken.