Aktuelles
Eng Serie iwwer d'Servicer vum Planning Familial 8/8
Zanter de 1960 Jore steet de Planning Familial am Déngscht vu Meedercher, Jongen, Fraen a Männer. Och Koppelen, grad wéi Professioneller, déi am Domän vun der Schoul, der Gesondheet an am soziale Beräich schaffen, kënne sech un d'Ekippe vum Planning adresséieren zu ganz ënnerschiddlechen Theemen.
An enger Serie iwwer de Summer stellt d'Angie Maquil eenzel Servicer vum Planning Familial vir.
Et geet nach emol ëm d'Aufgabeberäicher vum ESA-Team. ESA steet fir - Équipe d'éducation sexuelle et affective. D'Ekipp ESA-Team sinn: Sandy Lorente, Miguel Dias, Sandra Michely a Liz Van Rijswijck.
Haut geet et ëm de Rendez-vous am Café Santé vum Planning Familial fir de Projet fir Refugiéen: Parlons Santé, mat Workshoppe fir Fraen a Männer.
http://www.planningfamilial.lu