Aktuelles
Projet Summerschoul 2020
Eng 6.000 Schüler hu sech am Kader vum Projet Summerschoul 2020 fir déi nei Cours de Rattrapagen ugemellt. Dat hat den Educatiounsminister Claude Meisch virun der Press annoncéiert. Méi wéi 80 Prozent heivu si Schüler aus dem Enseignement Fondamental, déi domat fir d'éischte Kéier vun esou Nohëllefscourse kënne profitéieren. De Maximum un Nohëllefsstonne läit am Fondamental bei zwou Stonnen den Dag.
Och an de Lycéeën hätt sech d'Participatioun un de Cours de Rattrapagen am Verglach mat de leschte Jore méi wéi verduebelt. D'Summerschoul soll iwwer déi nächst zwou Wochen dobäi hëllefe Lacunnen opzeschaffen, déi duerch de Confinement bei enge Rei Schüler entstane wieren. D'Nohëllefscourse sinn op fräiwëlleger Basis an zanter gëschter en place.