arrow_back_ios
Aktuelles
Risikozon-Chaos an der EU: Nei Koordinatiounsversich
Rout, orange, gréng Zonen - Quarantän oder just een negativen Test? Wien den Ament an Europa op d'Rees geet, ass mat engem zimmlechen Duerchernee vu Reegele konfrontéiert.
Dat gëllt och fir EU-Diplomaten oder Europadeputéiert. Däitschland huet den Ament d'EU-Presidence an ass domat zoustänneg eng ganz Partie Reuniounen op EU-Niveau ze organiséieren. D'Regierung zu Berlin huet awer viru Kuerzem ausgerechent Bréissel zum Risikogebitt deklaréiert. Dat mécht d'Saach net méi einfach.
D'Danièle Weber iwwer d'EU-Politik an Zäite vu Risikogebitter.