Aktuelles
Reouverture vun der Stater Cinémathéik
Nodeems d'Regierung de Kinoe gréng Luucht ginn huet fir nees hir Dieren op ze maachen, war et och kloer fir d'Cinémathéik, datt d'Ouverture fir ganz geschwënn ass. An elo ass et esou wäit e Méindeg 13. Juli lancéiert d'Cinémathéik hir Summersaison, dat awer ganz am Respekt vun de sanitäre Regelen, déi wéinst der Coronavirus-Pandemie gëllen. An déi Responsabel vun der Cinémathéik hunn hire Sall, hir Keess oder hir Billeterie de Regelen ugepasst. De Summerprogramm an der Cinémathéik ass "Why we love cinema?" iwwerschriwwen an et ass der Equipe hir subjektiv "Liebeserklärung" un de Kino.