Aktuelles
Eng Serie mat der Ëmweltberodung Lëtzebuerg (EBL). Waasser - 3/8
Krunnewaasser versus Waasser aus der Fläsch
Zu Lëtzebuerg hu mer de Choix tëschent Krunnewaasser a Waasser aus der Fläsch. An obwuel d'Qualitéit vum Krunnewaasser zu Lëtzebuerg immens gutt ass, drénkt d'Majoritéit vun de Leit Waasser aus der Fläsch.
2006 huet d'Aluseau iwwer TNS ILRES eng Analys opginn, fir d'Opfaassung an d'Bild vum Krunnewaasser an der Gesellschaft ze analyséieren. Erauskoum, datt ongeféier een Drëttel vun der Gesellschaft reegelméisseg Krunnewaasser drénkt, mee 60 Prozent vun de Leit ni Krunnewaasser drénken. Am Verglach drénken awer 80 Prozent vun de Leit Waasser aus der Fläsch.
Fir de Präis vun enger Fläsch Waasser kritt een iwwer 100 Liter Waasser vum Krunn.
Vum Goût hier gëtt et bal keen Ënnerscheed. Et ginn awer aner Ënnerscheeder. De Gil Kirchen, vun der Ëmweltberodung Lëtzebuerg (EBL), gëtt dem Angie Maquil zu deenen Ënnerscheeder e klengen Abléck.
http://www.ebl.lu