Aktuelles
Visitt duerch d'Kathedral Notre-Dame - Ronderëm den Ducksall 3/6
Mir entdecken d'Museksengelen, déi den Ducksall dekoréieren a genéisse spéit gotesch Konscht, d'Iwwergäng vu Renaissance zum Barock a südamerikaneschem Flair.
14 nei Guiden hunn hir Formatioun als Guide fir d'Kathedral ofgeschloss. D'Initiativ koum vun der Luxembourg School of Religion & Society an Zesummenaarbecht mat der ErwuesseBildung.
De But war: Léieren op der Plaz. De ganze Summer iwwer kann een deelhuelen un enger Visitt. De Rendez-vous ass ëmmer samschdes um 11:30 Auer am Agang vun der Kathedral. Wéinst Covid-19 si just zéng Leit pro Visitt erlaabt.
An och mir hei um Radio proposéieren Iech elo iwwer de Summer all freides op dëser Plaz eng Visitt duerch d'Cathédrale Notre-Dame de Luxembourg. Guide ass d'Pastoralreferentin Mireille Sigal, déi och déi 14 Guidë mat ausgebilt huet. Realiséiert vum Angie Maquil.