arrow_back_ios
Aktuelles
D'Covid-19-Taskforce Prognosen
D'Covid-19-Taskforce vum FNR beméit sech zanter dem Ausbroch vun der Pandemie-Prognosen iwwer där hire weidere Verlaf ze maachen. Si hu beispillsweis verschidde Zenarie fir den Deconfinement berechent, jee nodeems, wéi eng Reegele fir Schoulen, Restaurant a fir privat Interaktioune géife gëllen. Déi Prognose waren dacks méi schro wéi d'Realitéit, déi bis elo agetratt ass. Verschidden Aspekter sinn net an de Berechungsmodeller berücksichtegt gewiescht. D'Michèle Sinner huet nogefrot, wourun dat leit.