Aktuelles
Eng Serie iwwer d'Servicer vum Planning Familial -7/8
Formatioune fir Léierpersonal an d'Aarbecht am non-formelle Beräich, och d'Eltere sinn net vergiess.
Zanter den 1960 Jore steet de Planning Familial am Déngscht vu Meedercher, Jongen, Fraen a Männer. Och Koppelen, grad wéi Professioneller, déi am Domän vun der Schoul, der Gesondheet an am soziale Beräich schaffen, kënne sech un d'Ekippe vum Planning adresséieren zu ganz ënnerschiddlechen Theemen.
An enger Serie iwwer de Summer stellt d'Angie Maquil eenzel Servicer vum Planning Familial vir. An de nächsten zwou Episoden geet et ëm d'Aufgabeberäicher vum ESA Team. ESA steet fir Équipe d'éducation sexuelle et affective.
D'Ekipp ESA Team sinn:
Sandy Lorente, Miguel Dias, Sandra Michely a Liz Van Rijswijck. Mat hinne kucke mer op déi eenzel Beräicher, an deenen d'ESA am Asaz ass.
Haut geet et ëm Formatioune fir Léierpersonal an d'Aarbecht am Non-formelle Beräich. dernieft gëtt e Bléck op d'Schouljoer 20/21 geworf.
Kontakt op esa@pfl.lu fir elo schonn eng ESA-Interventioun unzefroen
D'Mailadress gëllt och fir all Froe vun Elteren a Jonker esa@pfl.lu
http://www.planningfamilial.lu