arrow_back_ios
Aktuelles
Opdeelung vun den Haushaltsausgaben
37 Prozent vun hirem Akommes hunn d'Haushalter hei am Land 2017 fir de Logement ausginn. Dat geet aus enger neier Etüd vum Statec ervir, iwwert d'Repartitioun vun den Ausgaben an de Stéit. Aner Constaten: D'Bio-Liewensmëttel hunn an de leschten 10 Joer kee richtege Boom erlieft, an d'Konsumausgabe vun Elengerzéiende sinn am Verglach mat anere Stéit tëscht 2012 an 2017 net substantiell geklommen.