arrow_back_ios
Aktuelles
E Rouer fir déi nächst 100 Joer
Vun dëser Woch un gëtt de neien Ofwaasser-Kollekter ënnert der Stad Lëtzebuerg geflut, e Rouer, sou grouss, datt ee kann dran stoen, mat Zougangsgrouwen, sou grouss, ewéi Kapellen.
De neie Kanal leeft queesch ënnert der Stad erduerch vu Bouneweg bis op d'Kläranlag zu Beggen. Déi leeft den Ament op Volltouren a gëtt an denen nächsten zweemol vergréissert, fir mam Wuesstum vun der Bevëlkrung an der Wirtschaft Schrack ze halen.