arrow_back_ios
Aktuelles
Aktuelles
Fir Aarbechtsplazen an Deeler vun der däitscher Industrie ze retten, soll nëmmen nach véier Deeg pro Woch geschafft ginn: dëse Virschlag huet d'Gewerkschaft IG Metall wéinst der aktueller Kris gemaach. Engem Sondage no, sinn an Däitschland 61 Prozent vun der Populatioun fir esou e Modell fir de Schutz vun Aarbechtsplazen.
Hei am Land ass den OGBL méi prinzipiell fir eng Verkierzung vun der Aarbechtszäit, sou wéi et scho virun der Corona-Kris am Grondsaz-Programm fest gehale gi war.