Aktuelles
Den Impakt vun der Corona-Pandemie bei der Goodyear
Um Héichpunkt vun der Corona-Pandemie ass beim Grupp Goodyear de Verkaf an Europa ëm bal d'Hallschent zeréckgaangen, esou am 100,7-Interview de Xavier Fraipont iwwer d'Zuele fir d'Méint Abrëll bis Juni 2020. Virun allem am zweeten Trimester dëst Joer wier d'Demande staark zeréckgaangen.
Ronderëm den 20. Mäerz war d'Produktioun bei der Goodyear hei am Land fir e puer Wochen ënnerbrach ginn, fir duerno no an no erëm unzefänken. Och haut ass nach ëmmer e klengen Deel vun de Mataarbechter aus der Produktioun a Kuerzaarbecht. Bei de Goodyear-Beschäftegten, déi Bürosaarbecht maachen, schafft nach ëmmer e ganz groussen Deel vun doheem aus.
Keen Afloss soll d'Coronavirus-Kris op de Volume vun engem gréisseren Investissementsplang vu Goodyear a seng Produktiounen hei am Land hunn, esou de Responsabelen. De Serge Kesseler huet mam Chef vun der Goodyear-Recherche zu Lëtzebuerg Xavier Fraipont geschwat.