Aktuelles
E spezifesche legale Kader fir d'JUCHA-Datebank bei der Justiz
Spéitstens Ufank 2021 wëllt d'Justizministerin hire Projet deposéiere fir eng spezifesch gesetzlech Basis fir déi wichtegst Datebank vun de Justizautoritéiten. Dat huet déi gréng Politikerin Sam Tanson am 100,7-Interview ugekënnegt. Een zweete Gesetzesprojet fir ze reegelen, wéi eng Donnéeën däerfe benotzt gi fir d'Honorabilitéit vun enger Persoun ze préiwen, soll schonn dësen Hierscht op den Instanzewee goen.
D'Autorité de contrôle judiciaire hat Enn Juli een Avis mat enger Analys iwwer déi intern Applikatioun JUCHA an den Dateschutz un de Premier an un de Chamberpresident geschéckt. De Serge Kesseler huet sech mat der Justizministerin Sam Tanson ënnerhalen.