Aktuelles
Eng Serie iwwer d'Servicer vum Planning Familial. - 4/8
Every Kinda People.
Zanter de 1960 Joere steet de Planning Familial am Déngscht vu Meedercher, Jongen, Fraen a Männer. Och Koppelen, grad wéi Professioneller, déi am Domän vun der Schoul, der Gesondheet an am soziale Beräich schaffen, kënne sech un d'Ekipp vum Planning adresséieren zu ganz ënnerschiddlechen Theemen.
An enger Serie iwwer de Summer stellt d'Angie Maquil eenzel Servicer vum Planning Familial vir, déi vun Dokteren, Infirmièren, Sexologen, Psychologen, Pedagogen a Beroder geréiert ginn.
D'Brochure "Every Kinda People", déi een an e puer Sproochen ufroe kann, gëtt e klengen Iwwerbléck iwwer d'Aarbecht vum Planning an dréckt gutt aus, wat de Planning ass: Op fir Jiddwereen.