arrow_back_ios
Aktuelles
D'Reform vun der Taxisreform
D'Reform vun der Taxisreform vun 2016 sollt am Fong scho leschte September kommen. An deenen nächste Woche soll se kënnen op den Instanzewee goen. Domat solle weider Schrëtt geholl ginn, fir datt d'Präisser erof- amplaz eropginn. Doriwwer eraus soll de Secteur vun de Voitures de location avec chauffeur méi streng reglementéiert ginn, deen ëmmer méi grouss gëtt a wou d'Cliente bal keng Rechter hunn.