arrow_back_ios
Aktuelles
Déi Jonk an den neiaartege Coronavirus
Nom Lockdown hu sech nees méi Kanner mam neiaartege Coronavirus ugestach, mee et gouf keng schwéier Krankheetsverleef, seet Isabel de la Fuente aus dem CHL. Etüden aus ville Länner géifen iwwerdeems weisen, datt et seele gréisser Ausbréch an de Schoule ginn. D'Pia Oppel huet mat där op Infektiounskrankheete spezialiséierter Kannerdoktesch geschwat.