arrow_back_ios
Aktuelles
Kolonië vum SNJ trotz Covid-19 gutt besicht
D'Kolonië vum SNJ sinn trotz Covid-19 dëst Joer gutt besat. D'Demande ass do, dat seet den SNJ-Direkter Georges Metz. An engem normale Joer wieren ongeféier 900 Kanner bei den Kolonien dobäi. Dëst Joer rechent ee mat fënnef bis zéng Prozent manner.
Et gëtt spezifesch Sécherheetsmesurë vun der Santé fir Vakanzekolonien. Déi gesinn ënner anerem vir, datt net méi wéi 50 Kanner op engem Camp däerfe sinn. Dowéinst war de logisteschen Opwand dëst Joer e gutt Stéck méi grouss, sot den Georges Metz um Mikro vum Michèle Sinner.