arrow_back_ios
Aktuelles
Kris am Taxi-Secteur
De Marché ass während dem Confinement em 90 Prozent agebrach. De Moment wieren ëmmer nach 80 Prozent vun de Chaufferen am Chômage partiel seet den President vun der Taxi-Associatioun Olivier Gallé. Et huet an dene lëschte Wochen eng Rei Failliten am Secteur ginn. Webtaxi huet festgestallt, datt et ënnert den Indépendanten, déi op d'Zentral abbonéiert sinn, eng Rei Reprisen gouf, fir Failliten z'évitéieren.