Aktuelles
Eng Serie iwwer d'Servicer vum Planning Familial. - 3/8
Mat vill Sensibilitéit gëtt probéiert de ganz jonke Meedercher d'Angscht virun der éischter Visitt huelen.
Zanter de 1960 Jore steet de Planning Familial am Déngscht vu Meedercher, Jongen, Fraen a Männer. Och Koppelen, grad wéi Professioneller déi am Domaine vun der Schoul, der Gesondheet an am soziale Beräich schaffen, kënne sech un d'Ekipp vum Planning adresséieren, zu ganz ënnerschiddlechen Theemen.
An enger Serie iwwer de Summer stellt d'Angie Maquil e puer Servicer vum Planning Familial vir, déi vun Dokteren, Infirmièren, Sexologen, Psychologen, Pedagogen, a Beroder geréiert ginn.