arrow_back_ios
Aktuelles
Éischte "Lëtzebuerger" Europäesche Procureur
Et si wéineg Affäre fir Lëtzebuerg ze erwaarden, déi vum neien Europäesche Parquet géifen kommen. Dat seet de Gabriel Seixas, dee vu Lëtzebuerg an de Collège vun den Europäesche Procureure nominéiert ass. Dat well et zu Lëtzebuerg wéineg TVA-Fraudë géif ginn. All Joers ginn der EU-Kommissioun no awer tëschent 40 a 60 Milliarden Euro duerch TVA-Fraude verluer. Et wier déi grouss Erwaardung un den europäesche Parquet méi vun de Suen ze recuperéiere wéi bis ewell a méi Condamnatiounen virun de Gerichter ze erreechen.