Commentaire
Fir eng Corona-Enquêtëkommissioun
Zanter véier Méint ass Lëtzebuerg am Kampf géint d'Corona-Pandemie, zwou Infektiounswelle goufen et bis haut, mat am Ganzen 112 Doudegen an enge 6.000 Persounen, bei deenen de Virus nogewise gouf.
Den Tëschebilan: E Lockdown wärend zwee Méint a fir de Rescht Aschränkungen op ville Pläng, mat engem graven ekonomesche, sozialen a medezineschen Impakt.
Och wa villes richteg gemaach gouf hei am Land, sinn och Feeler geschitt, an déi mussen an aller Transparenz opgeschafft ginn, mengt de Jean-Claude Franck an enger Chronik